SlideShare una empresa de Scribd logo
1 de 2
Dossier de presse
Embargo : mardi 29.04.2014 à 17 heures
Séance académique
«175e
anniversaire de l’indépendance du Grand-Duché de Luxembourg»
29 avril 2014
Discours
du bourgmestre de la Ville de Luxembourg, Lydie Polfer
(langue : luxembourgeois)
Altesses royales,
Exzellenzen,
Dir Dammen an Dir Hären,
Ech sinn houfreg an ech freeë mech Iech haut hei am Cercle Cité am Häerz vun der Stad
empfänken ze dierfe fir zesumme mat Iech den historesche Moment ze feieren deen
d’Fundament vun onsem Land, wéi mir et haut kennen, geluecht huet: d’Onofhängegkeet vum
Grand-Duché.
Dësen 175. Anniversaire ass e ganzt besonnescht Fest. Besonnesch, wëll et ons un ee Moment
an der Geschicht erënnert, wou Lëtzebuerg an d’Liewe vun de Lëtzebuerger en neien Ufank
kritt hunn, deen hirem Schicksal eng nei Richtung sollt ginn. D’Onofhängegkeet vun onsem
Land, déi ons 1839 vum Ausland zougestane gouf, huet et onse Virfaren erlaabt, e Bewosstsënn
vun hirer Identitéit an hirer Verbonnenheet mam Territoire z‘entwéckelen, politesch,
ekonomesch, administrativ a sozial Strukturen ze schafen, déi néideg woren fir d’Organisatioun
vun dëser neier Unitéit ze garantéieren, an en Nationalgefill ze entwéckelen dat den
Zesummenhalt an d’Solidaritéit vun eisem Vollek sécherstellt.
An haut hu mer all Grond houfreg ze sinn op dat wat Lëtzebuerg an d’Lëtzebuerger erreecht
hunn an deenen 175 Joer wou d’Land besteet.
Duerch d’Onofhängegkeet vun onsem Land konnt ons Haaptstad sech vis-à-vis vum Afloss vun
de Nopeschlänner behaapten.
D’Joer 1839 war sécherlech wichteg fir d‘Entwécklung vun der Stad Lëtzebuerg, mee d’Joer
1867 war net manner wichteg: duerch d‘Schläifung vun der Festung huet Lëtzebuerg sech zu
engem wirtschaftlechen, kommerziellen a kulturellen Zentrum konnten entwéckele mat deem
d’Nopeschlänner zur dëser Zäit sécher net gerechent haten. Am Laf vun de Joren huet dës
Entwécklung net nëmmen d’Lëtzebuerger begeeschtert, mee och eng ganz Rei Leit aus dem
Ausland ugezunn déi hei e puer Méint oder e puer Joer verbréngen oder esouguer beschléisse
sech ganz hei nidderzeloossen.
Wa mer 1839 nëmmen zu 20.000 woren, sou huet d’Stad haut eng Awunnerzuel vun 104.000
Leit, dovunner 68% Nët-Lëtzebuerger. A mir kënnen houfreg sinn op ons weltoffen a
multikulturell Stad déi oppe fir Verännerung an Entwécklung ass an trotzdem no u sengen
Awunner bliwwen ass.
A besonnesch houfreg sinn ech awer och fir Iech hei an engem vun eise schéinste Säll an der
Stad begréissen ze dierfen. Dëse „Stater Salon“, wéi mir e sou gär nennen, huet d‘Geschicht vun
de Lëtzebuerger vum Ufank vum XXe Jorhonnert u begleet. De fréiere Cercle municipal deen zu
engem feste Bestanddeel vum heitege Cercle Cité ginn ass, ass en Zeie vun der Entwécklung
vun der Stad a vun deem wat se duerchlieft huet. De Cercle huet festlech Momenter,
Volleksfester a Studentebaler, Staatsvisiten, d’Feier fir de 25. Anniversaire vun der
Trounbesteigung vun senger Altesse dem Grand-Duc Jean, an, musse mer nach drun erënneren,
de Centenaire vun der Onofhängegkeet am Joer 1939, erlieft.
Mee dëse Sall war och Zeie vun den däischterste Momenter vun onser Geschicht, wéi während
der Besetzung am 2. Weltkrich. Sou goufen zum Beispill am Cercle Manifestatiounen ofgehalen,
déi den Naziregime gefeiert hunn.
An de 50er a 60er Joren ass de Cercle erëm opgebléit an huet déi éischt Séancë vum Conseil
spécial des ministres vun der CECA empfaang a soumat Lëtzebuerg erlaabt seng Präsenz op der
europäescher Kaart um politeschen a wirtschaftlechen Niveau ze bekräftegen.
Et ass wichteg dass mir ons un ons Geschicht an un ons Vergaangenheet erënneren, ons se
ëmmer erëm virun An halen, an dës wichteg Momenter an Ereegnësser déi eng Gemeinschaft
geschaf hunn, net vergiessen: déi vun enger Stad, déi fir hir Awunner do ass, déi houfreg ass
engem Land ze déngen, dat seng Fäegkeet sech op eng responsabel Manéier selwer ze
géréieren ënner Beweis gestallt huet, an houfreg ass, Deel ze sinn vun der grousser Famill vun
den europäeschen Natiounen.
Et läit un ons, dem Vollek an dem Land ze erméiglechen d’Jalonen ze setze fir dass
d’Gesellschaft an d’Land vu muer mat Houfert d’Verse vum Michel Lentz, déi 1859 geschriwwe
goufen, kënnen opgräifen:
„Kommt hir aus Frankräich, Belgien, Preisen,
Mir wëllen Iech ons Heemecht weisen,
Frot Dir no alle Säiten hin,
Wéi mir esou zefridde sinn.“
2/2

Más contenido relacionado

Más de Luxemburger Wort

Convention collective de travail des salariés du secteur des assurances (2021...
Convention collective de travail des salariés du secteur des assurances (2021...Convention collective de travail des salariés du secteur des assurances (2021...
Convention collective de travail des salariés du secteur des assurances (2021...Luxemburger Wort
 
Convention collective de travail des salariés du secteur bancaire (2021-2023)
Convention collective de travail des salariés du secteur bancaire (2021-2023)Convention collective de travail des salariés du secteur bancaire (2021-2023)
Convention collective de travail des salariés du secteur bancaire (2021-2023)Luxemburger Wort
 
AccordDeCoalitionCSV-DP-2023.pdf
AccordDeCoalitionCSV-DP-2023.pdfAccordDeCoalitionCSV-DP-2023.pdf
AccordDeCoalitionCSV-DP-2023.pdfLuxemburger Wort
 
Alle Mitglieder der Arbeitsgruppen im Rahmen der Regierungsbildung
Alle Mitglieder der Arbeitsgruppen im Rahmen der RegierungsbildungAlle Mitglieder der Arbeitsgruppen im Rahmen der Regierungsbildung
Alle Mitglieder der Arbeitsgruppen im Rahmen der RegierungsbildungLuxemburger Wort
 
Rapport 2023 du GAFI sur la lutte contre le blanchiment d'argent et le financ...
Rapport 2023 du GAFI sur la lutte contre le blanchiment d'argent et le financ...Rapport 2023 du GAFI sur la lutte contre le blanchiment d'argent et le financ...
Rapport 2023 du GAFI sur la lutte contre le blanchiment d'argent et le financ...Luxemburger Wort
 
Programme de Fokus pour les élections législatives 2023
Programme de Fokus pour les élections législatives 2023Programme de Fokus pour les élections législatives 2023
Programme de Fokus pour les élections législatives 2023Luxemburger Wort
 
Paramètres sociaux valables au 1er septembre 2023
Paramètres sociaux valables au 1er septembre 2023Paramètres sociaux valables au 1er septembre 2023
Paramètres sociaux valables au 1er septembre 2023Luxemburger Wort
 
Programme électoral du CSV pour les législatives 2023
Programme électoral du CSV pour les législatives 2023Programme électoral du CSV pour les législatives 2023
Programme électoral du CSV pour les législatives 2023Luxemburger Wort
 
Programme électoral du parti déi Gréng pour les élections législatives de 2023
Programme électoral du parti déi Gréng pour les élections législatives de 2023Programme électoral du parti déi Gréng pour les élections législatives de 2023
Programme électoral du parti déi Gréng pour les élections législatives de 2023Luxemburger Wort
 
2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-2-sections-din-a3.pdf
2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-2-sections-din-a3.pdf2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-2-sections-din-a3.pdf
2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-2-sections-din-a3.pdfLuxemburger Wort
 
2023-049-modle-bulletin-de-vote-proportionalpdf-610x426-maquette.pdf
2023-049-modle-bulletin-de-vote-proportionalpdf-610x426-maquette.pdf2023-049-modle-bulletin-de-vote-proportionalpdf-610x426-maquette.pdf
2023-049-modle-bulletin-de-vote-proportionalpdf-610x426-maquette.pdfLuxemburger Wort
 
2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-simple-din-a4-maquette.pdf
2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-simple-din-a4-maquette.pdf2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-simple-din-a4-maquette.pdf
2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-simple-din-a4-maquette.pdfLuxemburger Wort
 
20230306_Accord_tripartite.docx
20230306_Accord_tripartite.docx20230306_Accord_tripartite.docx
20230306_Accord_tripartite.docxLuxemburger Wort
 
2022 09 26 Mediahuis Renouvellement CCT.pdf
2022 09 26 Mediahuis Renouvellement CCT.pdf2022 09 26 Mediahuis Renouvellement CCT.pdf
2022 09 26 Mediahuis Renouvellement CCT.pdfLuxemburger Wort
 
Leseprobe Irene Vallejo "Papyrus"
Leseprobe Irene Vallejo "Papyrus"Leseprobe Irene Vallejo "Papyrus"
Leseprobe Irene Vallejo "Papyrus"Luxemburger Wort
 
Prof. Dr. Anton Zeilinger im Interview mit dem Luxemburger Wort
Prof. Dr. Anton Zeilinger im Interview mit dem Luxemburger WortProf. Dr. Anton Zeilinger im Interview mit dem Luxemburger Wort
Prof. Dr. Anton Zeilinger im Interview mit dem Luxemburger WortLuxemburger Wort
 
Entwicklung der Niedrigwasserabflüsse
Entwicklung der NiedrigwasserabflüsseEntwicklung der Niedrigwasserabflüsse
Entwicklung der NiedrigwasserabflüsseLuxemburger Wort
 

Más de Luxemburger Wort (20)

Convention collective de travail des salariés du secteur des assurances (2021...
Convention collective de travail des salariés du secteur des assurances (2021...Convention collective de travail des salariés du secteur des assurances (2021...
Convention collective de travail des salariés du secteur des assurances (2021...
 
Convention collective de travail des salariés du secteur bancaire (2021-2023)
Convention collective de travail des salariés du secteur bancaire (2021-2023)Convention collective de travail des salariés du secteur bancaire (2021-2023)
Convention collective de travail des salariés du secteur bancaire (2021-2023)
 
CharteChèquesCadeaux.pdf
CharteChèquesCadeaux.pdfCharteChèquesCadeaux.pdf
CharteChèquesCadeaux.pdf
 
AccordDeCoalitionCSV-DP-2023.pdf
AccordDeCoalitionCSV-DP-2023.pdfAccordDeCoalitionCSV-DP-2023.pdf
AccordDeCoalitionCSV-DP-2023.pdf
 
Alle Mitglieder der Arbeitsgruppen im Rahmen der Regierungsbildung
Alle Mitglieder der Arbeitsgruppen im Rahmen der RegierungsbildungAlle Mitglieder der Arbeitsgruppen im Rahmen der Regierungsbildung
Alle Mitglieder der Arbeitsgruppen im Rahmen der Regierungsbildung
 
Rapport 2023 du GAFI sur la lutte contre le blanchiment d'argent et le financ...
Rapport 2023 du GAFI sur la lutte contre le blanchiment d'argent et le financ...Rapport 2023 du GAFI sur la lutte contre le blanchiment d'argent et le financ...
Rapport 2023 du GAFI sur la lutte contre le blanchiment d'argent et le financ...
 
Programme de Fokus pour les élections législatives 2023
Programme de Fokus pour les élections législatives 2023Programme de Fokus pour les élections législatives 2023
Programme de Fokus pour les élections législatives 2023
 
Paramètres sociaux valables au 1er septembre 2023
Paramètres sociaux valables au 1er septembre 2023Paramètres sociaux valables au 1er septembre 2023
Paramètres sociaux valables au 1er septembre 2023
 
Programme électoral du CSV pour les législatives 2023
Programme électoral du CSV pour les législatives 2023Programme électoral du CSV pour les législatives 2023
Programme électoral du CSV pour les législatives 2023
 
Programme électoral du parti déi Gréng pour les élections législatives de 2023
Programme électoral du parti déi Gréng pour les élections législatives de 2023Programme électoral du parti déi Gréng pour les élections législatives de 2023
Programme électoral du parti déi Gréng pour les élections législatives de 2023
 
2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-2-sections-din-a3.pdf
2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-2-sections-din-a3.pdf2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-2-sections-din-a3.pdf
2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-2-sections-din-a3.pdf
 
2023-049-modle-bulletin-de-vote-proportionalpdf-610x426-maquette.pdf
2023-049-modle-bulletin-de-vote-proportionalpdf-610x426-maquette.pdf2023-049-modle-bulletin-de-vote-proportionalpdf-610x426-maquette.pdf
2023-049-modle-bulletin-de-vote-proportionalpdf-610x426-maquette.pdf
 
2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-simple-din-a4-maquette.pdf
2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-simple-din-a4-maquette.pdf2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-simple-din-a4-maquette.pdf
2023-049-modle-bulletin-de-vote-majoritaire-simple-din-a4-maquette.pdf
 
20230306_Accord_tripartite.docx
20230306_Accord_tripartite.docx20230306_Accord_tripartite.docx
20230306_Accord_tripartite.docx
 
2022 09 26 Mediahuis Renouvellement CCT.pdf
2022 09 26 Mediahuis Renouvellement CCT.pdf2022 09 26 Mediahuis Renouvellement CCT.pdf
2022 09 26 Mediahuis Renouvellement CCT.pdf
 
Leseprobe Irene Vallejo "Papyrus"
Leseprobe Irene Vallejo "Papyrus"Leseprobe Irene Vallejo "Papyrus"
Leseprobe Irene Vallejo "Papyrus"
 
Prof. Dr. Anton Zeilinger im Interview mit dem Luxemburger Wort
Prof. Dr. Anton Zeilinger im Interview mit dem Luxemburger WortProf. Dr. Anton Zeilinger im Interview mit dem Luxemburger Wort
Prof. Dr. Anton Zeilinger im Interview mit dem Luxemburger Wort
 
Tripartite-Abkommen
Tripartite-AbkommenTripartite-Abkommen
Tripartite-Abkommen
 
Entwicklung der Niedrigwasserabflüsse
Entwicklung der NiedrigwasserabflüsseEntwicklung der Niedrigwasserabflüsse
Entwicklung der Niedrigwasserabflüsse
 
Plan de déviation_V2.pdf
Plan de déviation_V2.pdfPlan de déviation_V2.pdf
Plan de déviation_V2.pdf
 

Dossier discours lydie_polfer_lu_29.04.2014

  • 1. Dossier de presse Embargo : mardi 29.04.2014 à 17 heures Séance académique «175e anniversaire de l’indépendance du Grand-Duché de Luxembourg» 29 avril 2014 Discours du bourgmestre de la Ville de Luxembourg, Lydie Polfer (langue : luxembourgeois) Altesses royales, Exzellenzen, Dir Dammen an Dir Hären, Ech sinn houfreg an ech freeë mech Iech haut hei am Cercle Cité am Häerz vun der Stad empfänken ze dierfe fir zesumme mat Iech den historesche Moment ze feieren deen d’Fundament vun onsem Land, wéi mir et haut kennen, geluecht huet: d’Onofhängegkeet vum Grand-Duché. Dësen 175. Anniversaire ass e ganzt besonnescht Fest. Besonnesch, wëll et ons un ee Moment an der Geschicht erënnert, wou Lëtzebuerg an d’Liewe vun de Lëtzebuerger en neien Ufank kritt hunn, deen hirem Schicksal eng nei Richtung sollt ginn. D’Onofhängegkeet vun onsem Land, déi ons 1839 vum Ausland zougestane gouf, huet et onse Virfaren erlaabt, e Bewosstsënn vun hirer Identitéit an hirer Verbonnenheet mam Territoire z‘entwéckelen, politesch, ekonomesch, administrativ a sozial Strukturen ze schafen, déi néideg woren fir d’Organisatioun vun dëser neier Unitéit ze garantéieren, an en Nationalgefill ze entwéckelen dat den Zesummenhalt an d’Solidaritéit vun eisem Vollek sécherstellt. An haut hu mer all Grond houfreg ze sinn op dat wat Lëtzebuerg an d’Lëtzebuerger erreecht hunn an deenen 175 Joer wou d’Land besteet. Duerch d’Onofhängegkeet vun onsem Land konnt ons Haaptstad sech vis-à-vis vum Afloss vun de Nopeschlänner behaapten. D’Joer 1839 war sécherlech wichteg fir d‘Entwécklung vun der Stad Lëtzebuerg, mee d’Joer 1867 war net manner wichteg: duerch d‘Schläifung vun der Festung huet Lëtzebuerg sech zu engem wirtschaftlechen, kommerziellen a kulturellen Zentrum konnten entwéckele mat deem d’Nopeschlänner zur dëser Zäit sécher net gerechent haten. Am Laf vun de Joren huet dës Entwécklung net nëmmen d’Lëtzebuerger begeeschtert, mee och eng ganz Rei Leit aus dem
  • 2. Ausland ugezunn déi hei e puer Méint oder e puer Joer verbréngen oder esouguer beschléisse sech ganz hei nidderzeloossen. Wa mer 1839 nëmmen zu 20.000 woren, sou huet d’Stad haut eng Awunnerzuel vun 104.000 Leit, dovunner 68% Nët-Lëtzebuerger. A mir kënnen houfreg sinn op ons weltoffen a multikulturell Stad déi oppe fir Verännerung an Entwécklung ass an trotzdem no u sengen Awunner bliwwen ass. A besonnesch houfreg sinn ech awer och fir Iech hei an engem vun eise schéinste Säll an der Stad begréissen ze dierfen. Dëse „Stater Salon“, wéi mir e sou gär nennen, huet d‘Geschicht vun de Lëtzebuerger vum Ufank vum XXe Jorhonnert u begleet. De fréiere Cercle municipal deen zu engem feste Bestanddeel vum heitege Cercle Cité ginn ass, ass en Zeie vun der Entwécklung vun der Stad a vun deem wat se duerchlieft huet. De Cercle huet festlech Momenter, Volleksfester a Studentebaler, Staatsvisiten, d’Feier fir de 25. Anniversaire vun der Trounbesteigung vun senger Altesse dem Grand-Duc Jean, an, musse mer nach drun erënneren, de Centenaire vun der Onofhängegkeet am Joer 1939, erlieft. Mee dëse Sall war och Zeie vun den däischterste Momenter vun onser Geschicht, wéi während der Besetzung am 2. Weltkrich. Sou goufen zum Beispill am Cercle Manifestatiounen ofgehalen, déi den Naziregime gefeiert hunn. An de 50er a 60er Joren ass de Cercle erëm opgebléit an huet déi éischt Séancë vum Conseil spécial des ministres vun der CECA empfaang a soumat Lëtzebuerg erlaabt seng Präsenz op der europäescher Kaart um politeschen a wirtschaftlechen Niveau ze bekräftegen. Et ass wichteg dass mir ons un ons Geschicht an un ons Vergaangenheet erënneren, ons se ëmmer erëm virun An halen, an dës wichteg Momenter an Ereegnësser déi eng Gemeinschaft geschaf hunn, net vergiessen: déi vun enger Stad, déi fir hir Awunner do ass, déi houfreg ass engem Land ze déngen, dat seng Fäegkeet sech op eng responsabel Manéier selwer ze géréieren ënner Beweis gestallt huet, an houfreg ass, Deel ze sinn vun der grousser Famill vun den europäeschen Natiounen. Et läit un ons, dem Vollek an dem Land ze erméiglechen d’Jalonen ze setze fir dass d’Gesellschaft an d’Land vu muer mat Houfert d’Verse vum Michel Lentz, déi 1859 geschriwwe goufen, kënnen opgräifen: „Kommt hir aus Frankräich, Belgien, Preisen, Mir wëllen Iech ons Heemecht weisen, Frot Dir no alle Säiten hin, Wéi mir esou zefridde sinn.“ 2/2